‘T ass Kiermes am Duerf ...

Wéinst der aktueller Situatioun vum Coronavirus, daerf dëst Joer den Gonnerénger Duerfclub mat der Ënnerstëtzung vun der Fanfare Buerglënster keen Hämmelsmarsch zu Gonneréng spillen. 
Wëll et awer wichteg ass och a schwieregen Zäiten d’Traditioun oprecht ze erhalen, huet d’Fanfare Buerglënster den Hämmelsmarsch opgeholl :

Mer géingen eis freeën iwwert en klengen Kiermes-Don op de Kont vum Gonnerénger Duerfclub : BCEELULL 
LU86 0019 2555 7155 4000


Fir si och an dësen Zäiten ze ënnerstëtzen iwwerléisst dëst Joer den Gonnerénger Duerfclub den Erléiss vum Hämmelsmarsch der Fanfare Buerglënster.


De Gonnerénger Duerfclub, souwéi d’Fanfare Buerglënster soen Iech am Viraus villmools Merci fir Är Generositéit a wënschen Iech eng gutt Gesondheet an eng schéi Kiermes.


Gallery

Pages

RSS